Är Verbindung zu den Hiersteller a Grossisten

fir Pneuen, Felgen an Accessoiren

rotyre Reifengroßhandel
  1. Keng Kontrakter, keng Taxen a kee Mindestwäert fir Bestellungen
  2. Héich Disponibilitéit op allen Hiersteller
  3. Schnelle Clients-Service per E-Mail an Telefon
  4. Eng zentral Comptabilitéit an een zentralen Uspriechpartner
  1. Endclient-Shop mat Verwaltung vun ären Offeren
  2. Garantie Ofwécklung a Retour Service
  3. Transparenz an der Zesummenaarbecht
  4. Nëmme fir Revendeuren
  1. Keng Kontrakter, keng Taxen a kee Mindestwäert fir Bestellungen
  2. Héich Disponibilitéit op allen Hiersteller
  3. Schnelle Clients-Service per E-Mail an Telefon
  4. Eng zentral Comptabilitéit an een zentralen Uspriechpartner
  5. Endclient-Shop mat Verwaltung vun ären Offeren
  6. Garantie Ofwécklung a Retour Service
  7. Transparenz an der Zesummenaarbecht
  8. Nëmme fir Revendeuren

Ween oder wat ass rotyre?

Mir sinn déi digital Verbindung zu allen Hiersteller an Grossisten am Beräich Pneuen an Felgen. Mat iwwer 150 Fournisseuren sinn mir d'Spigelbild vum europäeschen Pneue Maart. Eis Plattform bitt iech de beschtméiglechen Präis an déi beschtméiglech Liwwerzäit fir all Artikel deen dir bei eis am Webshop fannen kennt.

Ween kann bei eis Client ginn?

Eis Plattform ass nëmmen fir B2B Fach-Clienten reservéiert. Et spillt fir eis keng Roll, ob dir e klengen oder groussen Betrib féiert. Mellt iech innerhalb vun enger Minutt bei eis un a profitéiert och dir vun eiser héijer Disponibilitéit an eisen Maart gerechten Präisser.

Wat bidde mir un?

Eist Sortiment geet vun Auto, Moto, Quad, Camionnette an Camion Pneuen bis zu Stol- an Aluminium Felgen, sou wéi och RDKS a Montage Accessoiren. Mir kennen hei stolz behaapten, dass mir Iech all Pneuen Hiersteller ubidden. Bei eis fannt dir vu GOODYEAR, BRIDGESTONE, MICHELIN, CONTINENTAL, PIRELLI bis zu bëllegen Marken alles. Insgesamt iwwer 300 Hiersteller. Dobäi kommen all d'Original Pneuen vun den Autoshiersteller ewéi Audi, Mercedes, Porsche an villen méi.

Felgenkonfiguratioun

Mat eisem leeschtungsstaarken Felgen Konfigurator kennt dir iech all Felgen mat TÜV oder ABE passend zu ärem Auto aussichen. Dir kënnt hei op all eis Filteren zeréck gräifen, déi iech et méi liicht maachen déi perfekt Wiel fir ären Auto ze treffen. Mat, an der Moyenne, iwwer 200 Felgen pro Auto feelt et hei net un Alternativen! Ausserdeem bitt eisen Webshop Iech d'Méiglechkeet är Offeren fir är Clienten ze erstellen. Benotzt dofir einfach eis Kalkulatiouns-Hëllef fir är Präisser a schonn kann et lass goen!

© 2012 - by Rotyre s.à r.l. All Rights Reserved